De Lëtzebuerger Wuesstemsmodell ass eng Fal!

Den ADR-Generalsekretär Alex Penning war den 10. Januar moies um 10 op 8 Invité am Studio vun RTL-Radio. Den Interview goung haaptsächlech iwwer de Wuesstemsmodell vu Lëtzebuerg, virun deem d’ADR ganz kloer warnt. Mir verdäiwelen de Wuesstem net generell, mee déi aktuell onkontrolléiert an onméisseg Wuesstemsform, kann eisem Land a senge Bierger nëmme schueden. Et gëtt kee Patentrezept, awer punktuell Léisungen, déi den Alex Penning uschwätzt.

Nieft dem Wuesstem gouf doriwwer geschwat, wou d’ADR steet, wéi et mat de Preparatioune vun de Chamberwalen ausgesäit a mat wat fir Sujeten d’ADR an d’Wale geet.

Deel dëse Post: