Ee groussen Deel vum Léierpersonal beklot, datt de Leeschtungsniveau an eise Schoule biergof geet. Dat huet mat Sécherheet vill Ursaachen, mee eng vun den Ursaachen ass ouni Zweiwel, datt verschidden Übungs- a Prüfungsmethoden, déi fréier souwuel an de Primärschoule wéi och an de Lycéeë praktizéiert goufen, fale gelooss goufen. Wéi gesäit de Minister dës Entwécklung?