Hei fannt dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Famill, fir d’Solidaritéit, fir d’Zesummenliewen a fir den Accueil weiderzeleeden.
De Manktem u Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur ass e Sujet, deen zënter geraumer Zäit um Dësch läit an och an deenen nächste Joer relevant wäert sinn.
Am Artikel «La Copas tire la sonnette d’alarme», deen den 8. November 2024 am “Quotidien” ze liese war, heescht et: «Le secteur d’aides et de soins est en péril. Les besoins en personnel infirmier sont importants, avec plus de 900 postes à pourvoir d’ici cinq ans. Et la population est vieillissante.»
Am Hibléck op eng Bevëlkerung, déi ëmmer méi al gëtt, awer och ugesiichts vun de Warnunge vu verschiddenen Organisatiounen aus dem Secteur kann sech dëse Problem zu enger laangfristeger Quell vu Besuergnis fir Patiente wéi och fir hir Famillen entwéckelen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Am uewe genannten Artikel gëtt erkläert: «Selon une enquête réalisée par la Copas en 2024 auprès des prestataires d’aides et soins, la situation va s’aggraver dans les années à venir, avec une population de plus en plus vieillissante. Les professionnels du secteur estiment qu’en 2026, plus de 150 postes à plein temps seront vacants en raison des départs à la retraite, dont plus de 100 concernent les infirmiers et aides-soignants et cette évolution se poursuit jusqu’en 2033 pour atteindre 149 équivalents temps plein.» Wéi eng kuerz- a laangfristeg Mesuren envisagéiert d’Regierung, fir dësen akute Problem ze léisen a fir d’Attraktivitéit vun de Fleegeberuffer besonnesch bei jonke Leit ze erhéijen?
Mat déiwem Respekt,