Geplangten Infrastrukturprojeten vum Staat

An der Chamber gouf de 6. Dezember eng Orientéierungsdebatt gefouert iwwert déi geplangte staatlech Investitiounen a gréisser Infrastrukturprojeten. De Gast Gibéryen weist a senger Interventioun drop hin, datt grad bei der Diskussioun iwwert Infrastrukturprojeten och ëmmer d’Wuesstemsdebatt muss mat afléissen. Den ADR-Deputéierte geet op eng Rei vun deene Projete méi genau an, besonnesch op d’Situatioun vum Parking zu Waasserbëlleg a Fréiseng. Hien betount ofschléissend, datt et der ADR besonnesch um Häerz läit, beim geplangten Ofräisse vum Bâtiment Schumann och op iergend eng Manéier een “Lieu de Memoire” ze erriichten. Et handelt sech schliisslech em eng historesch Plaz, hei gouf déi alleréischt Sëtzung vum Europaparlament ofgehalen.

Deel dëse Post: