De Fernand Kartheiser war Invité vun der RTL-Redaktioun

Den ADR-Fraktiounspresident war, wéi gewinnt, ganz souverän am RTL-Interview. An der “Ech si Papp” Diskussioun huet de Fernand Kartheiser nachmol kloer duergeluegt firwat et nëmmen ee biologesche Papp an eng biologesch Mamm ka ginn a firwat déi am Gesetz och solle genannt ginn a net aanerschters. Wat dat neit Covid-Gesetz ugeet,  sou huet de Fernand Kartheiser drun erënnert, datt guer net méi doriwwer geschwat gëtt, wéi wäit de Leit hir Grond-Rechter ageschränkt ginn. Ausserdeem reprochéiert hien der Regierung e Manktem u strategeschem Denken. Den Horeca-Secteur misst séier erëm opgemaach ginn an et misst ee léiere mat dësem Virus eens ze ginn.

 

Deel dëse Post: