De Fernand Kartheiser war Invité um Radio

De Fernand Kartheiser war “Invité vun der Redaktioun” op RTL. Haptthema war d’Verfassungsreform, hei huet de Fraktiounspresident d’Verhale vun de Politiker vun de Gambia-Parteien an der CSV nachmol schaarf kritiséiert an hinne politesch Arroganz reprochéiert. Datt si géint hirt eegent Wal-Versprieche ginn, dat wär innaceptabel. Schlëmm wär och datt d’Majoritéits-Politiker schonn e puer mol verlaude gelooss hunn datt d’Vollék, graff gesot, ze domm wär fir iwwert e komplizéierten Text vun der Verfassungsreform per Referendum ofzestëmmen! Däitlech Aussoen och iwwer d’Bierger-Beweegung “Marche Blanche” an och firwat d’ADR d’Covid-Gesetz weider net matdréit! Hei ënnendrënner fann Dir de ganze Video vum Radio-Interview. 

Deel dëse Post: