De Fernand Kartheiser op RTL iwwer Verfassung an Auslännerwalrecht

De Fernand Kartheiser am RTL-Studio

E Méindeg, de 16. Mäerz, hat de Fernand Kartheiser e staarken Optrëtt als Invité vun der RTLs-REdedaktioun. Thema war d’Verfassungsreform, déi vun der ADR staark kritiséiert gëtt, an, an deem Zesummenhang, d’Auslännerwalrecht, iwwer dat Lëtzebuerg am Referendum vum 7. Juni soll ofstëmmen.  Geleenheet fir de Fernand Kartheiser, Kritik ze üben a Géigeproposen ze maachen. Hien an d’ADR wëll kee Land, wou d’Regierung ëmmer méi an d’Chamber an d’Bierger ëmmer manner ze soen, hie wëllt am Grand-Duché wunnen an net an engem klenge Land, wat just Lëtzebuerg heescht an hie wëllt un senger Spëtzt eng Grande-Duchesse oder e Grand-Duc, vun deenen et op der ganzer Welt nëmmen eng oder een gëtt,  an net ee vu ville “Chef d’Etat”.

Hei d’RTL-Säit mam Fernand Kartheiser séngem Interview an enger Hellewull haaptsächlech positiv Kommentaren.

Hei en ADR-Pressecommuniquee, wou mir de Projet vun der Reform vun eiser Verfassung, esou wéi en haut virläit, vun eis weisen.

Deel dëse Post: