De Fernand Kartheiser kritt … d’Pierre-Werner-Medaill

Vum 13. bis de 15. Abrël 2016 wor eng Delegatioun vun der Chamber  a Rumänien. D’ADR wor duerch hiren Deputéierten Fernand Kartheiser vertrueden.

Den Institut fir economesch Fuerschung “Costin C. Kiritescu” vun der rumänescher Akademie vun de Wëssenschaften huet dem Deputéierte Fernand Kartheiser bei där Geleeënheet d’Pierre-Werner-Medaille iwwerreecht. Am Diplom heescht et, den Här Kartheiser hätt déi Auszeechnung kritt fir seng Verdéngschter em déi bilateral diplomatesch a kulturell Bezéiungen a fir säin Asaz fir eng Kultur vum europäesche Konsensus am Geescht vum Pierre Werner.

De Fernand Kartheiser ass a senger Ried op d’Verdéngschter vun der rumänescher Akademie vun de Wëssenschaften agaang, och am Kontext vun de bilaterale Bezéiungen. Besonnesch huet hien d’Verdéngschter vum Här Professer Valeriu Ioan-Franc ervirgehuewen, den am Kader vun der rumänescher Akademie e rumänesch-lëtzebuergesche Fuerschungszentrum féiert, den de Numm vum Pierre Werner dréit.

Deel dëse Post: