De Besuch vun der Schoul soll fakultativ sinn

Am Kontext vun deenen aktuellen Entwécklungen an Diskussioune ronderëm de Schoulufank schwätzt sech d’ADR fir eng allgemeng, obligatoresch « Rentrée scolaire » am September aus. Bis dohi mussen déi gesondheetlech, pedagogesch a logistesch Froen zefriddestellend gekläert sinn, fir déi bis elo vun der Regierung dacks nëmmen improviséiert an net zefriddestellend Léisunge proposéiert ginn. Tatsaach ass, datt – well och am September nach keen Impfstoff existéiert – de sanitäre Risiko bleift an datt d’Virbereedungen dowéinst mussen optimal sinn.

Fir den Ofschloss vum lafende Schouljoer ass d’ADR fir eng fräiwëlleg Wiel tëschent zwou Optiounen. Déi concernéiert Elteren a Schüler solle sech kënne fir e Präsenzunterrecht an de Schoulen oder fir d‘Weiderféierung vun der Schoul doheem decidéieren. Fir d’Elteren bei dëser Decisioun, bei där vill ënnerschiddlech Aspekter musse beduecht ginn, net ënnert en ekonomeschen Drock ze setzen, soll fir déi Leit, déi d’Optioun vun der Schoul doheem wielen, de «congé pour raisons familales» weider bezuelt ginn.

Och de Schoulbesuch virun den Ofschlossexame soll op fräiwëlleger Basis sinn.  

D’ADR fuerdert den Här Minister Meisch op, deene ville Kriticken iwwer e Manktem u Consultatioun a Koordinatioun Rechnung ze droen a sech vill méi systematesch mat de Vertriedunge vun den Enseignanten, Elteren, Schüler a Studenten ze beroden. Och d’Gemengen hätte scho missen am Viraus an den Decisiounsprozess matagebonne ginn.

ADR-Pressematdeelung vum 29. Abrëll

Deel dëse Post: