D’ADRenalin wiert sech géint populistesch Walclippen

D’ADRenalin, déi jonk ADR, hat de 27. Mee eng Pressekonferenz ofgehalen. D’Vertrieder vun der ADR Jugendorganisatioun hunn do nach eemol erkläert, firwat se als eenzeg politesch Jugendorganisatioun fir den 3x Nee! oprifft. Dat mat sachlechen a fondéierten Argumenter.
Thema waren awer och d’Walclippe vun der sozialistescher Jugend, déi jo jiddereen, dee net hirer Meenung ass, als versoffe rassistesch Dëlpessen ofstempele wëllen.

Deel dëse Post: