D’ADRenalin um Spring Event vun den European Young Conservatives (EYC) vertrueden

Vum 12. bis de 14. Abrëll war d’ADRenalin zu Kopenhagen um sougenannte Spring Event vun den European Young Conservatives (EYC) vertrueden. Ëm déi 30 jonk Leit aus ënnerschiddleche Länner sinn an der dänescher Haaptstad zesummekomm, wou se am Kader vu léierräiche Virträg ënnert anerem iwwert de skandinavesche Sozialstaat mat diskutéiert hunn.

Vertruede war d’ADRenalin duerch d’Presidentin Joëlle Giannotte, de Vize-President Joe Thein an d’Generalsekretärin Liliana Miranda.

Zënter zwee Joer ass d’ADRenalin Member vun den European Young Conservatives , eng Vereenegung vu verschiddene Jugendparteien, déi virun 20 Joer gegrënnt ginn ass. D’Joëlle Giannotte ass zënter Mee 2012 Vize-Presidentin. D’EYC huet hirersäits en enkt Verhältnis zur Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), an där d’ADR Member ass.

Deel dëse Post: