D’ADRenalin op der Studentefoire

Den 11ten an 12ten November 2016 war op der Luxexpo wéi all Joers erem d’Studentefoire.

D’Jugendsektioune vun de Parteien hunn dëst Joer nees dierfen drun deel huelen. Sou hate mir och eise Stand, wou mir deene Jonken, Ried an Äntwert konnte stoen.

D’ADRenalin war vertrueden duerch de Gilles Carlizzi, de Joe Thein, de Melvin Zimmer, d’Nathalie Breyer an den Tom Agnes (v.l.n.r.)

studentefoire

Deel dëse Post: