D’ADR mécht sech Suergen ëm d’Sécherheet vu Journalisten

D’Journaliste sinn an Zäite vu Covid-19 eng Risikogrupp, un déi net dacks genuch geduecht. Hire Beruff besteet doran, an direktem Kontakt mat alle méigleche Leit, also och mat den Deputéierten an der Chamberverwaltung, Informatiounen ze beschafen a weiderzeginn. D’Situatioun an der Chamber gesäit keng besonnesch Sécherheetsmoossname fir. An engem Bréif un de Chamberpresident verlaangt de Gast Gibéryen am Numm vum Grupp ADR, datt d’Chamber sech mat där Situatioun befaasst. Zesumme mat de Journaliste soll gekuckt gi fir d’Ustiechungsgefor esou kleng wéi méiglech ze halen, ouni d’Journalisten an Deputéierten an hirer Aarbecht nach méi anzeschränken.

Deel dëse Post: