D’ADR léisst d’Police net am Stach!

E Policegesetz, wat vu Verbesserunge schwätzt a Verschlechterung bréngt, kann d’ADR net matstëmmen. Duerfir hei direkt, dem Fernand Kartheiser seng Conclusiounen (Extrait, 0’25”).

De Fernand Kartheiser huet d’Schwaachpunkte vum Text analyséiert, an och d’verstopptent Zil vun der Regierung bloussgestallt. Et ass en Text, deen de Kader stellt fir Auslänner, an esouguer Auslänner, déi net musse Lëtzebuergesch kënnen, an d’Police eranzehuelen.

Deem opposéiert den ADR-Deputéierten d’Qualitéitsargument. E Polizist brauch Sproohckenntnesser fir kënnen ze schaffen. A wéi kann et sinn datt e Lëtzebuerger Polizist soll op seng “Moralitéit” gepréift ginn, wann auslännesch Kandidaten an Zukunft dat emol net kënne ginn. – Véir Mol Nee vun der ADR fir deen Text.

Deel dëse Post: