D’ADR géint Steiererhéijungen!

Dir erënnert Iech: Et ass nach net laang hir, do hu mat vill Pathos de Staatsminister Xavier Bettel an de Finanzminister Pierre Gramegna versprach, datt d’Corona-Kris keng nei Steieren oder Steiererhéijunge géing bréngen. Dat wär Gëft fir d’Entreprisen, huet et geheescht, an et däerft een elo de Leit hir Kafkraaft net ewech huelen. D‘Tounlag vum Premier huet dobäi un déi erënnert, mat där hien 2013 dem Land héich an helleg ugekënnegt hat, datt hien de glécklechste Buergermeeschter vun der Welt wär an ni wéilt an d’Regierung goen.

Souvill zur Theorie, elo zur Praxis.

Vum leschte „Conseil Européen“ koum den Här Bettel scho mat engem ganze Beidel voll mat neie Steieren zréck: vun der Plastikssteier bis hin zu enger Finanztransaktiounssteier, déi elo net méi soll OECD-wäit afgeféiert ginn. Eng ugekënnegt Katastrof fir eis Finanzplaz an en eklatant Versoe vum Lëtzebuerger Premier op europäeschem Plang!

Gëschter um „Kloertext“ bei RTL ass et dunn och  nees iwwer Steiere gaangen.  D’ADR wor duerch den Deputéierte Roy Reding vertrueden. Hien huet kloer gemaach: d’ADR ass a bleift géint Steiererhéijungen! De Roy Reding proposéiert dogéint, datt ongerecht steierlech Bevirdeelegunge sollen aus der Welt geschaf ginn. Hien  huet och Beispiller genannt, wéi an der Baubranche am Abléck – mat der Complicitéit vu Gambia – Risebeneficer praktesch steierfräi sinn. Hei sinn Zomme vun 1,5 Milliarden (!) Euro fir ee Projet am Spill! Offensichtlech ass déi aktuell Koalitioun net kapabel an net wëlles esou e skandaléist Steierlach zou ze maachen, dat awer schonn jorelaang bekannt ass.

Grouss Ongerechtegkeeten ginn also toleréiert, mee dofir wëll d’Koalitioun awer deene klenge Leit an d’Täsch gräifen. Am Gespréich sinn ë. a. d’Autosteier, d’CO2 Steier, d’Ierfschaftssteier, méi héich Akzisen, d’Verméigenssteier, d‘’Finanztransaktiounssteier an d’Erhéijung vun der Grondsteier. A wann et drëm geet, de Leit d’Suen aus der Täsch ze zéien, dann ass d’CSV, vertrueden duerch hire President, den Här Fränk Engel, och ëmmer mat an der éischter Rei. Hien hat héchstperséinlech eng Rëtsch Steieren an d’Gespréich bruecht an huet domat der LSAP an  deene Grénge vill Freed gemaach. Besonnesch kreativ ass d’LSAP, déi elo och nach d’Bankgeheimnis wëll ofschafe fir bis op de leschte Su ze wëssen, wat si de Leit kann ewechhuelen.

Déi Gréng sinn déi fläissegst Steiererhéijungspartei a bréngen domat och nach eis ganz Ekonomie a Gefor. Si wëlle mordikus hir CO2-Steier, déi d‘Ëmwelt zwar net „rett“, dofir awer Suen fir den Tram an d’Keess bréngt an d’Liewen fir d’Leit an d’Betriber richteg deier mécht.

Merci un de Roy Reding, datt hie kloer gemaach huet, datt d’ADR net mat un der Steierschrauf dréint!

 

Deel dëse Post: