D’ADR fuerdert en neie Geschäftsmodell fir d’Stad

D’ADR-Sektioun Stad ass déif betraff iwwert d’Noriicht, datt bis zu 20 Butteker an der Stad missten zoumaachen. Fir ronn 100 Salariéë steet domadder d’Existenz um Spill, an och d’Stadbild riskéiert dorënner ze leiden! Fir d’ADR ass dëst och d’Resultat vun engem desastréisen „City-Management“. Dofir fuerdert d’ADR-Sektioun Stad de Buergermeeschter op, en neie Geschäftsmodell fir d’Stad opzestellen an d’Groussgaass nees fir all Bevëlkerungsschichten attraktiv ze maachen.

Datt bis zu 20 Geschäfter an der Stad zoumaachen, duerch d’Faillite vun engem eenzege Grupp, huet sécher och mat Management ze dinn. D’ADR ass als éischt ëm déi ronn 100 Leit besuergt, déi elo mat eidelen Hänn do stinn an ëm hir finanziell Existenz baange mussen.

Dës massiv Well vu Faillitten ass awer och d’Resultat vun enger verfeelter Politik säitens der Gemeng, déi mam City-Management total gescheitert ass. Wéi kann et sinn, besonnesch an der Groussgaass, datt een traditionelle Buttek nom aneren huet misse Plaz maache fir Filiale vu groussen – a meeschtens deieren – Marken? Den Normalverdénger kann nach just an der Groussgaass tëscht de Luxusbutteker flanéieren, ier en an e Geschäftszentrum ronderëm d’Stad oder iwwert d’Grenzen eraus akafe geet.

Och de Manktem u Parkplazen, héich Parkingspräisser, de schwieregen Accès an de Parking Knuedler, all Woch nei Deviatiounen a Chantieren ouni Enn setzen d’Geschäftsleit an der Uewerstad viru ganz grouss Erausfuerderunge mam Risque, datt nach méi wéi ee Buttek muss seng Dieren zoumaachen.

D’ADR verlaangt vum Schäfferot, datt an Zesummenaarbecht mat der Union commerciale e konkrete Geschäftsmodell fir d’Stad opgestallt gëtt, dëst mam Zil e gesonde Mix hirzestellen vun héichwäertege Vitrinen a Geschäfter, an deenen all Mënsch kann akafe goen. Dobäi mussen och nees méi Liewensmëttelbutteker an Artisanat an d’Uewerstad kommen. Et mussen nees „Lokomotiven“ Clienten an d’Uewerstad unzéien. D’Gemeng muss och hier Aflossméiglechkeete notzen, fir d’Loyeren op e verstännegen Niveau ze reduzéieren z.B. doduerch, datt et selwer Geschäftsraim zu raisonnabele Präisser verlount.

Weider geet et net duer, Infoboxen nieft Chantieren ze installéieren. Et muss gesuergt ginn, z.B. doduerch, datt zwou Equipen sech ofléisen, datt d’Aarbechte vill méi séier viruginn. De Plang vun de Chantieren an der Uewerstad muss schnellstens iwwerschafft ginn, mat de betraffene Geschäftsleit an Awunner, fir datt den aktuelle Chaos um Knuedler, um Gruef, an der Ënneschtgaass asw. ophéiert.

D’ADR wëll an deem Zesummenhank eng weider Kéier drop hiweisen, datt der Stater Geschäftswelt eng Katastrof bevirsteet, wann de Chantier Tram sollt eng Kéier an Ugrëff geholl ginn.

Deel dëse Post: