D’ADR fuerdert d’CSV op, sech endgülteg vum “C” ze trennen!

Et läit am chrëschtleche Selbstverständnes, sech fir de Schutz vum Liewen a soumat fir d’Dignitéit vum Mënsch anzesetzen. Am Kader vun der Debatt iwwert d’Entwécklungshëllef huet de Fernand Kartheiser eng Motioun deponéiert, déi d’Regierung opfuerdert, Programmer ze ënnerstëtzen, déi sech ëm de Schutz vum Liewen a vun der Gesondheet vun de Mammen an de Kanner am Ëmfeld vu Schwangerschaft a Gebuert beméien. Och fuerdert d’Motioun, datt keng national oder international Programmer ënnerstëtzt solle ginn, déi d’Ofdreiwung vun nach net gebuerene Kanner zum Zil hunn. An der Motioun gëtt och drop gepocht, datt d’Rechter vun den Elteren bei demographesche Programmer a bei Familljeplanung musse respektéiert ginn. Et ass dat eng Fuerderung, déi ëmmer méi haart aus den Zillänner vun der Entwécklungspolitik selwer ze héieren ass.
D’Motioun vum Fernand Kartheiser ass net ugeholl ginn. Déi lénks-ideologesch Regierungsparteien hu “selbstverständlech” géint d’Liewen a fir d’Ofdreiwung gestëmmt. Mee och d’CSV huet dës Motioun verworf a weist domat endgülteg, datt hir Spëtz net méi weess, wat den “C” heescht a wat fir eng Verantwortung dat bedeit. 

Féierend Vertrieder vun der CSV spille scho laang mam Gedanken, den “C” duerch “Centrum” (Lëtzebuergesch: Zentrum) ze ersetzen. Vue datt d’CSV sech a kengster Weis méi fir chrëschtlech Iddien asetzt, fuerdert d’ADR d’CSV op, endlech déi néideg Konsequenzen aus hirem Verhalen ze zéien an den “C” endgülteg ze sträichen.

Deel dëse Post: