D’ADR ënnerstëtzt de Kampf géint de Chômage

D’Recht op Aarbecht ass ee Mënscherecht. An deem Sënn bedauert de Gast Gibéryen, datt trotz Rekordwuesstem de Chômage an deene leschten 10 Joer eropgaangen ass.  Datt am Schoulsystem de Niveau kontinuéierlech erofgesat gëtt a vill jonk Léit net méi mat der Konkurrenz vum auslänneschen Aarbechtsmaart mathale kënnen, ass dann och net grad fërderlech. Ee Liichtbléck ass awer, datt d’Aarbechtslosegkeet an deene leschten zwee Joer kontinuéierlech zréck geet, bedéngt duerch e wirtschaftlechen Opschwong, awer sécherlech och duerch eng couragéiert Reform vun der ADEM.

Och dat neit Aarbechtsgesetz, wat sech ganz dem Kampf géint de Laangzäit-Chômage verschriwwen huet, stéisst bei der ADR op voll Zoustëmmung. Léit, déi sech scho vun der Gesellschaft ausgeschloss fillen a vun enger prekärer Beschäftegungsmoossnam an déi aner rutschen, kréien elo d’Chance op eng laangfristeg Aarbecht. Ee Gesetz, dat de betraffene Persounen hir Dignitéit zréckgëtt an dat d’ADR selbstverständlech matstëmmt.

 

Deel dëse Post: