D’ADR distanzéiert sech vum Entworf fir eng nei Verfassung!

Wann eppes ganz laang dauert muss d’Resultat doduerch net besser ginn. Dëst ass de Fall fir d’Reform vun onser Verfassung, respektiv dem Verfaasse vun enger „neier“ Constitutioun fir de Grand-Duché. Wat méi um aktuellen Text gebastelt gouf, wat méi Verschlechterungen an den Entworf era komm sinn! D’ADR bedauert ganz besonnesch, dat d’Stellung vum Groussherzog a vum Groussherzogtum an den Hannergrond verschwënnt, an datt virgesinn ass definitiv déi national Souveränitéit un international Instanzen, wéi d’Europäesch Union, ofzeginn.

Am Abrëll 2009 ass d’Propositioun an der Chamber deposéiert ginn, fir ons Verfassung ze iwwerschaffen an nei ze uerdnen. (Proposition de révision portant modification et nouvel ordonnancement de la Constitution). Neierdéngs geet et drëms, fir eng NEI Verfassung opzeleeën (instauration d’une nouvelle Constitution). D’ADR distanzéiert sech vu ville Punkten aus dem sougenannte „finaliséierten Text“ deen d’Kommissioun vun en Institutiounen e Mëttwoch ugeholl huet.

Ouni op all eenzelne Punkt anzegoe bedauert d’ADR zudéifst, datt esou guer dat Wuert Groussherzogtum (Grand-Duché) wäitgehend aus dem Text gestrach gouf, dëst ganz besonnesch an dem éischten Artikel! Och onsem Groussherzog geet et net besser. Am éischten Entworf ass den Groussherzog am Artikel 4 eng éischte Kéier virkomm, elo muss een bis op den Artikel 41 waarde fir dat Wuert „Grand-Duc“ eng éischte Kéier ze fannen! Duerch de ganzen Text ass weider dat Wuert „Grand-Duc“ duerch den Terme „Chef de l’État“, also Staatschef, ersat ginn. D’ADR stellt d’Fro: ass dëst en éischte Schrëtt fir d’Monarchie ofzeschafen ?

An der aktueller Constitutioun gesäit den Artikel 49bis vir, datt souverän Pouvoiren nëmmen zäitweis („temporairement“) un international Institutioune kënnen iwwerdroe ginn. Am neien Artikel 5 ass virgesinn, datt ons Land dës Pouvoiren endgülteg kann un d’Europäesch Unioun an un aner international Institutiounen oftrieden! Fir d’ADR steet fest: eis Souveränitéit muss an onsen Hänn bleiwen!

Schonn dës zwee Beispiller ginn duer, fir datt d’ADR sech kloer an däitlech vun Text fir déi nei Verfassung distanzéiert! Et gëtt an dësem Text nach vill aner Punkten, mat deenen d’ADR net averstanen ass.

Positiv un dem neien Text ass, datt – endlech – d’lëtzebuerger Sprooch an d’ Constitutioun opgeholl soll ginn (Art. 4-1: „La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. …“). Domadder ginn endlech d’Efforte vun der Initiativ „Actioun Lëtzebuergesch – Eis Sprooch“, awer och déi sëllechen Interventioune vun der ADR an der Chamber a Propositiounen am Walprogramm, gewierdegt.

Zum Ofschloss verlaangt d’ADR, dat d’lëtzebuerger Verfassung a lëtzebuerger Sprooch muss publizéiert ginn.

Pressematdeelung vum 12. Mäerz 2015

Deel dëse Post: