D’ADR brécht eng Lanz fir d’Baueren!

Eis Bauere sinn den Ernärer vun der Natioun, awer si hunn et schwéier: Blauzungen-Krankheet, Gefor vum Präisverfall beim Schwéngefleesch, ëmmer nei Reglementer, COVID-Pandemie etc. Den Nord-Deputéierte Jeff Engelen huet den 22. September eng Motioun deponéiert, wou hien op d’Problemer vun de Baueren hiweist a konkret Pisten opweist, wéi d’Politik de Baueren elo schnell an onkomplizéiert ënnert d’Äerm gräife kann – schued, datt all déi aner Parteien dës Motioun net ënnerstëtzen.

 

Deel dëse Post: