D’ADR begréisst de Projet vun enger Lëtzebuergesch-Sectioun am Lycée!

D’ADR begréisst de Pilotprojet, dee vum nächste Joer un am Enseignement Secondaire classique soll de Schüler vun enger A-Sectioun d’Méiglechkeet ginn, ze wielen, ob si wëlle léiwer eng Friemsprooch léieren oder sech intensiv mat der Lëtzebuerger Sprooch a Literatur beschäftegen. Dëst ass eng vun de Fuerderungen, déi d’ADR scho méi laang huet an déi och an hirem Walprogramm festgehale gouf.

Et ass flott, datt de Lycée Michel Rodange hei d’Pionéierroll iwwerholl huet – wat jo och gutt bei säin Numm passt. Schued ass awer, datt et déi eenzeg Schoul ass, an där dëse Projet uleeft. D’ADR hofft, datt de Projet ka séier och an anere Schoulen ufänken.

D’ADR begréisst och prinzipiell, datt op der 4ème classique an op der 4ème générale eng Coursstonn Lëtzebuergesch d’Woch agefouert gëtt. Der ADR no gehéiert awer wéinstens eng Stonn fir d‘Lëtzebuerger Sprooch, Geschicht a Kultur an all Lycée an op alle Klassen a Sectiounen, esou wéi d’Lëtzebuergescht och a sämtleche Klasse vun der Primärschoul eng wichteg Plaz kréie misst.

Trotz dëse begréissenswäerten Neierungen ass d’ADR der Meenung, datt fir d’Fërdere vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Schoul an iwwert den nationale Bildungswee nach vill méi muss gemaach ginn.

Dëst fänkt scho mam Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch an den ëffentlechen a subventionéierte Crèchen an am Precoce un.

 

Pressematdeelung vum 19. Mäerz 2021

 

Deel dëse Post: