D’ADR ass op der Säit vun de Kierchefabriken!

Mat Hänn a mat Féiss probéiert d’lénks-ideologesch Regierung d’Trennung vu Kierch a Staat durchzebaatschen. Zevill vun hire Wieler sinn enttäuscht vun deem, wat bis elo geschitt ass. Gambia hat sech dee Sujet aus dem 19. Joerhonnert als Prioritéit op d’Broscht geschriwwen, mä huet nach net ganz vill opweises. De Bierg huet eng Maus an d’Welt gesat. An dofir sollen elo d’Kierchefabriken (an d’Gemengen och e bëssen) bludden an enger fir Lëtzebuerg eemoleger Prozedur, wou de Rechtsstaat mat Féiss getrëppelt gëtt.

D’ADR ass an dësem Dossier op der Säit vun de Kierchefabriken a seet dat och haut an engem Pressekommunikee, ouni e Blad virun de Mond ze huelen.

Deel dëse Post: