D’ADR am Gespréich mat der SPAL

De 6. Februar hate Vertrieder vun der ADR eng Entrevue mat enger Delegatioun vum Syndicat Professionnel de l’Armée Luxembourgeoise (SPAL). Diskutéiert gouf virun allem iwwert de Rapport vum fréiere Mediateur Marc Fischbach iwwer den Zoustand vun der Arméi.

An engem konstruktive Gespréich sinn all déi Punkten ugeschwat ginn, déi d’Lëtzebuerger Arméi betreffen. D’ADR war iwwregens déi éischt Partei, déi ëffentlech Stellung geholl huet zum Rapport vum Här Fischbach an déi deementspriechend och konkret Propositioune formuléiert huet.

De Syndicat Professionnel de l’Armée Luxembourgeoise war vertrueden duerch de President Patrick Frantz an de Generalsekretär Christian Schleck. D’ADR war vertrueden duerch den Deputéierte Fernand Kartheiser an d’Fraktiounssekretärin Liliana Miranda.

Deel dëse Post: