D’ADR-Äntwert un d’CGFP

D’CGFP hat am Januar alle Parteien eng Fro zur Statuttereform vum ëffentlechen Déngscht gestalt. Well dës Äntwerte sollen am Presseorgan vun der Staatsbeamtegewerkschaft publik gemaach ginn, war de leschten Delai heifir de 19. Februar. D’Fro vun der CGFP war kloer an däitlech: “Wann Är Partei eleng d’politesch Regierungsverantwortung hätt, wat wär Är allgemeng Positioun, wat verschidde Sträitpunkten aus der Statuttereform vun Oktober 2015 ugeet, an am besonneschen, wat d’Ofschafe vum Erofsetze vun de Stagiairesgehälter op 80%, 80%, 90% ugeet?”.

D’ADR huet der CGFP zäitgerecht op d’Ufro, déi un de Parteipresident Dr Jean Schoos adresséiert war, geäntwert.

Deel dëse Post: