Dach, d’Lëtzebuerger si FIR de Referendum!

Referendum Verfassung

D’ADR erënnert drun, datt d’CSV, d’DP, d’LSAP an déi Gréng an hire Walprogrammer vun 2018 ee Referendum iwwer d’Verfassungsreform versprach haten an datt si dëst Versprieche gebrach hunn. Am Géigesaz zu deene véier wuertbréchege Parteien hält d’ADR awer un engem Referendum iwwer déi nei Verfassung fest a wäert an deenen nächste Wochen a Méint an deem Sënn och weider  Initiativen huelen. Trotz där relativ niddreger Zuel un Aschreiwungen op de Gemenge fillt d’ADR sech dobäi vun der Majoritéit vun de Lëtzebuerger ënnerstëtzt, déi, hirer Meenung no, ganz kloer FIR ee Referendum sinn.

An deem Kontext erënnert d’ADR un d’Rekordpetitioun 2007, déi vun net manner wéi 18.645 Leit ënnerschriwwe gouf. Och erënnert d’ADR un d’TNS-ILRES-Ëmfro vum November, an där sech 54% vun de Lëtzebuerger FIR ee Referendum ausgesprach hunn an nëmmen 22% dergéint. Dobäi kënnt, datt sech an deene leschte véier Woche vill Lëtzebuerger op d’Gemenge beméit hunn, fir d’Referendumsinitiativ ze ënnerschreiwen, och wann dobäi déi am internationale Vergläich vill ze héich Moosslat vu 25.000 Ënnerschrëften net erreecht gouf.

Fir d’ADR läit d’Ursaach vun deem Resultat net bei engem feelenden Intressi vun de Bierger, mee haaptsächlech bei enger bewosster Politik, fir de Leit d’Aschreiwen esou schwéier wéi méiglech ze maachen. Ënner anerem kann een dëst notéieren:

Vill Gemengen hunn hir Ëffnungszäiten am Kader vun der Referendumsinitiativ net generéis geännert, a kaum eng Gemeng huet hir Bierger ugeschriwwen, fir si iwwer d’Modalitéite vun der Prozedur ze informéieren.

D’Leit hate weder d’Méiglechkeet, fir iwwer ee Bréif ze ënnerschreiwen, nach d’Méiglechkeet, fir sech online anzedroen, wat vill Bierger vu vireran ausgeschloss huet.

De facto ausgeschloss bloufen och déi ganz vill Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen oder studéieren.

D’Regierung huet selwer och eng institutionell Verantwortung, well de Referendum am Koalitiounsaccord steet a well si trotzdeem näischt gemaach huet, fir de Referendum ze promouvéieren.

Och an de Medie gouf kaum Reklamm fir dës Initiativ gemaach. Wa si kommentéiert gouf, dann dacks negativ. Et däerf een och net vergiessen, datt déi politesch Aktualitéit an deene leschte Wochen haaptsächlech vun enger ganz intensiver Debatt ronderëm déi sanitär Moossnamen am Kader vun der COVID-Pandemie gepräägt war an datt d’Verfassungsrevisioun doduerch manner Beuechtung fonnt huet.

D’ADR erënnert d’Parteien un hiert Versprieche vun 2018 an appelléiert un all Bierger, sech aktiv fir ee Referendum anzesetzen, onofhängeg dovun, ob si fir oder géint déi nei Verfassung sinn.

 

 

Matgedeelt vun der ADR

 

Deel dëse Post: