Cyberattacken op eis Klinicken

Cyberattacken hu sech mëttlerweil zu engem globalen, „mafiéisen“ Business entwéckelt; déi bescht Hackere ginn engagéiert, fir zum Deel horrend héich Geldfuerderungen ze erpressen; sou huet sech haut ee weltwäite Beruffssecteur aus hinnen entwéckelt; dës Beruffshackeren hunn och d’Zil, ëmmer méi an „d’Déift“ ze goen, dat heescht och déi komplizéiertst Sécherheetssystemer ze duerchbriechen. Cyberattacke wäerte sech an Zukunft heefen an ëmmer méi perfid a professionell ginn. All Betrib, awer och all Verwaltung muss anticipéieren an däerf net waarden, bis eng Cyberattack geschitt ass. Dat betrëfft och a ganz besonnesch de Gesondheetssecteur. Wéi vulnerabel dëse Secteur ass, beweist een aktuellt Beispill: An Däitschland ass virun e puer Méint ee Covid-Patient gestuerwen, well d’Klinik duerch eng Cyberattack keen Zougrëff op säi Fichier hat. Op anere Plaze gouf et mëttlerweil änlech Fäll. Wéi schätzt d’Regierung d’Gefor an, wat Cyberattacken op eis Klinicken am Allgemengen an op Patientendonnéeën am Speziellen ugeet? Trëfft d’Regierung Moossnamen, fir dës Gefor ze minimiséieren?

Deel dëse Post: