Wéi géift Dir soen, wann der de Rettungsdéngscht ruffe misst? “Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS)”? Wuel kaum! Et war eng Selbstverständlechkeet, wat d’ADR de 20. Mäerz mat zwou Motiounen am Kader vun der Reform vum Rettungsdéngscht an der Chamber gefuerdert huet: D’Integratioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an den Alldag. An dat trauregt Resultat: All Parteien hunn sech dogéint ausgeschwat, d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Mëtt vun der Gesellschaft ze réckelen. An dobäi geet et net ëm Banalitéiten: An enger Noutsituatioun kann d’ADR-Fuerderung, e legale Kader ze schafen, dee virgesäit, datt all Persoun, déi haaptberufflech beim Rettungsdéngscht ugestallt gëtt, d’Lëtzebuerger Sprooch beherrscht oder sech verflicht, se ze léieren, liewenswichteg sinn. Eng katastrophal Virstellung, datt sech d’Pompjeeën ënnerteneen net méi verstännege kënnen. An datt de Rettungsdéngscht och „Rettungsdéngscht” soll heeschen däerfen, misst sech vum selwen verstoen. Oder kennt Dir e Land, wat eng aner Sprooch benotzt wéi seng Mammesprooch, fir de Rettungsdéngscht ze benennen? Der CSV a Gambia ass dat ze „populistesch”… si schwätzen sech géint d’Fërdere vun der Lëtzebuerger Sprooch aus a weisen domat hiert richtegt Gesiicht.

Hei fannt Dir d’Motiounen, déi d’ADR den 20. Mäerz an der Chamber deponéiert huet.

Kuckt hei d’Videoen vun der Interventioun vum ADR-Deputéierten Gast Gibéryen iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Reform vum Rettungsdéngscht: