CSSF a CAA kontrolléieren eis Banken an Assurancen

D’CSSF an d’CAA sinn extrem wichteg fir eis a fir eis Wirtschaft. Si kontrolléieren eis Banken an Assurancen a kucken, datt se gutt gefouert ginn. Si garantéieren, datt d’Suen op eise Spuerkonte sinn, wa mir se brauchen, an datt d’Assurancë genuch Suen hu fir eis Schied ze bezuelen!
Leider ginn dës wichteg Institutiounen an de leschte Joren ëmmer mei mëssbraucht fir ideologesch EU-Programmer. Zum Beispill muss d’CSSF lo kontrolléieren, ob Fraequoten am Verwaltungsrot agehale ginn anstatt sech nëmmen drop ze fokusséieren, ob eis Erspuernisser sécher sinn. Eng geféierlech Oflenkung!

• Eisen Deputéierten Tom Weidig huet laang am Finanz- an Assuranceberäich geschafft a schwätzt do Kloertext an der Chamber! (Video 4’12”).

Deel dëse Post: