Zu enger CREOS-Ausschreiwung, déi just op Englesch publizéiert gouf, huet de Fred Keup zwou Froen un d’Regierung.
Fro:
Op der Homepage vum Stroumubidder Creos ass ze liesen, datt viru Kuerzem eng ëffentlech Consultatioun zum „Scenario Report 2040“ fir d‘Stroumnetz vu Creos Luxembourg ugefaangen huet (https://www.creos-net.lu/de/privatkunden/creos-luxembourg/scenario-report-2040-version-2024). Dobäi fält op, datt d’Dokument vun der Consultatioun ausschliisslech op Englesch disponibel ass, also a kenger vun den dräi offiziellen Amtssprooche vu Lëtzebuerg. Dat ass ëmsou méi verwonnerlech, wéi de Betrib majoritär an ëffentlecher Hand ass.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Kann d’Regierung preziséieren, ob et konform zum Gesetz ass, zu Lëtzebuerg op Basis vun engem engleschen Text eng ëffentlech Consultatioun ofzehalen?
- Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt unzehuelen ass, datt de Groussdeel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung net iwwer déi néideg Sproochkenntnisser verfüügt, besonnesch um Niveau vum Energiefachvokabular, fir dësen Text iwwerhaapt ze verstoen?
Äntwert:
Op Nofro hin gëtt Creos Luxembourg S.A. un datt et de „Scenario Report“ zanter 2018 all 2 Joer op Englesch ausgeschafft gëtt. Déi Versioun zu där aktuell eng ëffentlech Consultatioun leeft ass deementspriechend déi 4.
De cibléierte Public ass den Informatioune vu Creos Luxembourg S.A. entspriechend ganz breet gefächert a souwuel national wéi international: national sinn interesséiert Bierger, Entreprisen, Industrie, Ministèren, Verwaltungen a Gemengen, den Energiesecteur, Interessevertriedungen a Verbänn wéi Fedil, Chambre de Commerce, Chambre des Métiers, Mouvement Ecologique etc. cibléiert. En interesséiert och en internationale Public an de Nopeschlänner an op europäeschem Niveau. Dofir sinn d’“Scenario Reports“ op Englesch verfaasst, fir se engem groussen, internationale Public zougänglech ze maachen. Ëffentlech Consultatiounen op Englesch sinn net ongewéinlech, et ass de Betriber iwwerlooss wéi eng Sprooch se an esou Fäll benotzen.