COVID-Infektioune beim Spidolspersonal

An der COVID-Debatt offenbart sech en ëmmer méi ongehemmten Totalitarismus vun der Regierung. Déi nächst Grupp vu Bierger, déi aktuell besonnesch an de Fokus réckelt, sinn ausgerechent déi, déi no offiziellen Aussoen, säit bal zwee Joer un der Front an der éischter Rei stinn. D’Gesondheets- a Fleegepersonal. Nieft dem offiziellen Impfzwang, deen dem Impfdrock op Schratt an Tratt hannen drun ass, gëtt och ëmmer rëm eng sektoriell Impfflicht fir d’Gesondheets- a Fleegepersonal gefuerdert. Wa genee déi Leit, déi säit zwee Joer alles mat erliewen, sech net wëllen impfe loossen, muss een sech awer eng Rei Froe stellen, net zulescht zu der Wierksamkeet vun de proposéierten Impfstoffer. Genau deem ass den ADR-Deputéierte Jeff Engelen, mat enger weiderer parlamentarescher Nofro un d’Madamm Gesondheetsminister nokomm.

Deel dëse Post: