Covid-Impfung: Prioritéit fir Leit mat Handicap?

D’Regierung hat, viru kuerzem, ugekënnegt datt am Kader vun der Impfstrategie och Mënsche mat engem Handicap prioritär géint de Coronavirus geimpft ginn. E bësse méi spéit huet d’Regierung dunn awer präziséiert datt d’Prioritéit nëmme fir déi handicapéiert Leit gëllt déi an enger Institutioun liewen. Dat heescht datt déi Leit mat Behënnerung déi doheem mat hire Famillje liewen, deemno keng Prioritéit hunn a weider ofwaarde mussen, wéi aner Bierger och. Eppes wat betraffe Familljen viru gewëssen Erausfuerderunge stellt.

Deel dëse Post: