Covid-Gesetz: E Schrëtt an déi richteg Richtung!

A senger Interventioun vum 20. Oktober betount den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen, datt dat neit Covid-Gesetz an déi richteg Richtung geet: De forcéierte Confinement gëtt opgehuewen an d’Isolatiounsdauer geet vu siwen op véier Deeg erof. D’ADR gëtt sech allerdéngs eréischt dann zefridden, wann all d’Restriktioune fale gelooss ginn. Och déi onsäglech Diskussioun iwwert eng méiglech Impfflicht muss endlech vum Dësch. D’ADR bleift weiderhi strikt géint d’Impfflicht.

Deel dëse Post: