Covid … dräimol probéiert, mee d’Widdersprëch bleiwen

D’ADR huet géint d’Covid-Gesetz an der Chamber gestëmmt, dat eng Verschärfung vun de Méiglechkeeten, sech privat ze gesinn, virgesäit a Strofen aféiert. De Jeff Engelen huet d’Widdersprëch vun der Regierung op alle Niveauen ënnerstrach. Hien huet och nach eng Kéier rappeléiert, dat an den An vun eiser Partei, d’Aschränkung vu vun der Verfassung garantéierte Fräiheeten an der Chamber net mat einfacher Majoritéit mee héchstens mat 2/3 Majoritéit kéint gemaach ginn. Op d’Verfassung gepocht (Video, 0’43”).

D’Vertraue vun de Leit wär net ze gewannen, wa Ministeren sech an där nämmlechter Pressekonferenz géinge widderschwätzen a wa medezinesch Begrëffer wéi “Cluster” an Infektiounsherd géingen duerchernee gehäit a falsch gebraucht ginn. Begrëffsverwirrung an de Ministèren.

De Jeff Engelen huet och seng Angscht ausgedréckt, wat e Polizeistaat ugeet. Dat a Bezuch op de François Bausch, deen um Radio d’Beweislaascht bei den Ugekloten geluecht huet … an awer gesot huet, hie wéilt kee Polizeistaat. Dat ass e Polizeistaat, huet de Jeff Engelen ënnerstrach. Hei den Extrait aus der Ried (Video, 1’21).

Deel dëse Post: