Covid an Impfstrategie: D’EU huet versot!

Bei der Impfstrategie am Kampf géint de Covid-Virus huet d’EU total versot! Et gouf hei e Kouhandel tëscht Frankräich an Däitschland gemaach an insgesamt feelt et un allen Ecken un Impfstoffer. Mat deene Suen, déi d’Lëtzebuerger Regierung fir de Large Scale-Testing aus der Fënster geheit huet, hätt si kéinten déi gesamt Lëtzebuerger Bevëlkerung direkt e puer mol impfen. Dat ass nëmmen eng vun de Feststellungen, déi den Nord-Deputéierten an där vun der ADR ugefroter Aktualitéitsstonn vum 8. Januar betount. Et däerf dann och net zu Diskriminéierunge kommen tëscht de geimpfte Leit an deene Persounen, déi sech net impfe wëlle loossen an d’Leit dierfen net als Versuchskanéngche benotzt ginn. An deem Kontext huet de Jeff Engelen dann och eng Rei Motiounen deponéiert.

 

Deel dëse Post: