Covid-19: Sozial Ongerechtegkeeten an den Altersheemer?

Nëmmen e Bäispill vun enger méiglecher Ongerechtegkeet am Kader vun der Corona-Kris: An den Altersheemer kréien d’Leit hiert Iessen jo net méi zesummen an engem Gemeinschaftssall zerwéiert, mee eenzel, op hirem Zëmmer. E Service dee normalerweis extra facturéiert gëtt. Ass de betraffene Leit elo e finanziellen Nodeel entstanen, am Fall wou si missten e Supplement fir eng Prestatioun bezuelen, déi hinnen, zënter dem Ufank vun der Corona-Kris, operluecht gouf.

 

Deel dëse Post: