Covid-19: Déi Jonk hu gelidden!

A senger Interventioun vum 16. Juni schwätzt den Nord-Deputéierte Jeff Engelen iwwert déi mental Gesondheet vun de Jonken, déi ënnert der Covid-Situatioun massiv gelidden huet. D’ADR huet sech vun Ufank un géint drakonesch Mesuren ausgeschwat, déi ë.a. eis Grondrechter verletzten an déi déi Jonk an d’Isolatioun gedriwwen hunn. De Jeff Engelen plädéiert an deem Kontext fir méi Aemooss. D’ADR huet iwwerdeems iwwert de Wee vun enger Motioun d’Initiativ ergraff, fir de Conseil scientifique, dee fir d’Ausschaffe vun de Corona-Mesuren zoustänneg war, méi breet opzestellen an och Acteuren aus dem gesellschaftleche Liewen, esou wéi Experte fir déi psychesch Gesondheet ze integréieren. Sanitär Mesure géifen da mat méi Vernonft geholl ginn an onnéidegt gesondheetlech Leiden, grad bei de Jonken, géif verhënnert ginn. Leider gouf och dës Motioun alt nees ofgewisen.

Deel dëse Post: