Coronakris: Opschloss iwwer Asaz vum Ëffentlechen Déngscht gefuerdert!

An dësen Zäiten ass och den Ëffentlechen Déngscht staark am Asaz. Et stellt sech d’Fro wéi eng Konsequenzen dat engersäits op eis Beamten huet,  awer op der anerer Säit och wat fir en Impakt dat op all déi Leit huet, déi grad elo op d’Verwaltungen ugewise sinn? Entstinn Delaie bei der Beaarbechtung vun Dossieren? A wat ass mat deene Verwaltunge wou souwisou scho gréisser Delaien bestinn, wéi zum Beispill bei der Administration du Cadastre? Ginn do d’Retarden nach méi grouss? Freet sech dann och nach wéi eng Auswierkungen d’Kris allgemeng op d’Aarbechtsbedéngungen am Ëffentlechen Déngscht huet?  Alles dat si wichteg Froen un de Minister vun der Fonction Publique!

 

Deel dëse Post: