Coronakris: Accueil an de Schoule richteg geregelt?

Laut dem Schoulministère ass den Accueil fir d’Kanner, vu siwen Auer moies un, an de Schoule vum Land garantéiert. Wann d’Jongen an d’Meedercher ukommen, si se nach vermëscht. Herno gi se dann a verschidde Gruppen agedeelt. Et stellen sech an deem Kontext eng Rei wichteg organisatiounstechnesch Froen. Zum Beispill déi wéi vill Leit Personal pro Schoul respektiv Unzuel vun de Kanner virgesi sinn fir d’Surveillance z’assuréieren.

Deel dëse Post: