Corona: Wëllt d’Regierung eng Impfflicht?

A ville Länner héiert een, datt d’aktuell Andämmungsmoossnamen nach sollen esoulaang gëllen, bis en Impfstoff do ass. An eréischt wa jidderee geimpft wier, géingen d’Schutzmoossnamen opgehuewe ginn.

D’ADR-Deputéierte Jeff Engelen a Roy Reding froen dofir d’Gesondheetsministech an d’Justizministesch, wéi d’Lëtzebuerger Regierung zum Sujet Impfflicht steet an ob si dofir sinn, eng spezifesch Impfflicht anzeféieren, wann den Impfstoff géint de Coronavirus do ass.

 

Deel dëse Post: