Corona: Wat ass mat de Pensiounen?

Suergen – ausgedréckt ënnert anerem vum OGB-L – mécht d’direkt Zukunft vun de Pensiounen zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mat der Corona-Epidemie. Esou ass reng rechneresch den Ajustement, deen all Joer gemaach soll ginn, duerch de wirtschaftlechen Abroch a Gefor. Dee Gesetzesparagraph, deen en Aussetze vum Ajustement géing erlaben, war awer net fir eng Krisesituatioun wéi Corona geduecht mee fir eventuell strukturell Problemer. An enger parlamentarescher Fro wëll de Fernand Kartheiser, datt d’Regierung seet, ob den Ajustement a Fro gestallt ass, an hie fuerdert och eng Garantie, datt net dru geduecht gëtt, d’Joresprimm vun de Pensionären ofzeschafen.

Deel dëse Post: