Corona a Gambia: nuancéiert Analys

Vill Guddes a vill manner Guddes gesäit de Gast Gibéryen an der Regierungsaarbecht am Kader vum gesondheetleche Corona-Noutstand. Kritik huet hie besonnesch fir d’Exit-Strategie: Kleng Geschäfter, a besonnesch Kaffien, Restauranten an Hoteller misste viru Päischte nees kënnen opmaachen. “D’Leit beweege sech”, seet de Gast Gibéryen a kritiséiert och, datt d’Regierung Motoe fuere léisst an Autoen net. De Gast Gibéryen méngt net, datt d’Gewunnechte vun de Leit nom Noutstand änneren mee datt d’Land dann “an deen alen Train-Train” zeréckfält. Hie fuerdert awer, datt no der Kris de Staat seng Scholden zeréckbezillt. Mam Noutstand muss den 22. Juni Schluss sinn, seet den ADR-Deputéierte, deen och z.B. beim Demonstratiounsverbuet Mëssbräich vun der Regierung gesäit.

Deel dëse Post: