Container-Unterrécht: e Provisorium deen unhält

Container-Klassen hunn eppes Provisoresches. Allerdéngs schéngt dee Provisorium plazeweis eng glorräich Zukunft ze hunn. De Fred Keup stellt eng parlamentaresch Fro, well hie probéiert sech e Bild ze maachen doriwwer, wéi vill Container-Klassen et gëtt a wéi laang. Mee hie wëll och wëssen, ob de Schüler, deen an esou e Provisorium gesat gëtt, net eventuell dorënner ze leiden huet.

D’Äntwert vum Schoulministüre ass intressant. D’Gemengen hu bei Grondschoulklassen d’REsponsabilitéit an hei ass d’Zuel vu laange Container-Léisungen relativ niddreg. Relativ, well de Staat huet déi iwwergrouss Majoritéit vu Container-Klassen … iwwer zéng Joer laang stoen. 

Deel dëse Post: