[BEÄNTWERT] Constatation de l’identité de personnes en provenance de l’Algérie

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister an un den Här Minister fir Immigratioun weiderzeleeden.

D’Belsch Press bericht, bei der Geleeënheet vun enger offizieller Visite an Algerien, datt d’Autoritéiten aus Algerien sech bis elo net kooperativ gewisen hunn, wann et dorëms geet d’Identitéit vun engem vun hire Landsleit festzestellen. Dëst kann de Fall si bei Persounen, déi an Europa Asyl froen, oder wa Veruerteelter nom Ofsetze vun hirer Strof sollen an hiert Heemechtsland zréckgefouert ginn. Well dëst bekannt ass, géifen och Bierger aus anere Länner aus dem Maghreb sech als Algerier ausginn, wann se eng Demande fir Asyl stellen.

Bei der offizieller Visite vu Membere vun der belscher Regierung an Algerien war och d’Staatssekretärin fir Asyl an Immigratioun derbäi. Si huet bei där Geleeënheet d’Basis fir eng „nei an efficace Kollaboratioun“ an dëse Froen tëschent der Belsch an Algerien geluecht.

Dowéinst géif ech dem Här Ausseminister an dem Här Minister fir Immigratioun dës Fro stellen:

1)      Huet Lëtzebuerg och Problemer mat den Autoritéiten aus Algerien fir d’Identitéit vu Bierger festzestellen, déi behaapten aus dësem Land ze kommen?

2)      Wa jo, ass d’Regierung gewëllt, am direkte Kontakt mat den Autoritéiten aus Algerien oder mat der Hëllef vun der Belscher Regierung fir och e „point de contact“ ze creéieren, fir d’Identitéit vu Bierger aus Algerien kënne festzestellen?

3)      Sinn an dësem Dossier schonns konkret Kontakter geholl ginn?

 Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean Asselborn, Ministre des Affaires étrangères; Monsieur Nicolas Schmit, Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Immigration

Deel dëse Post: