Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Kulturministesch weiderzeleeden.
Den nationale Musée fir Geschicht a Konscht MNHA huet eng aussergewéinlech räich Kollektioun vun engem Niveau, deen och kierzlech Fachleit a réimescher Geschicht an Archeologen a Staune gesat huet.
Leider waren dës Experten enttäuscht, datt de Musée kee Katalog vun dësen Ausstellungstécker konnt ubidden. Esou e Katalog, deen och déi eenzel kleng Fondstécker a Gebrauchsgéigestänn aus dem deegleche Liewen opzielt, beschreift an den Uert ugëtt, wou se fonnt goufen, ass net nëmmen eng wäertvoll Erënnerung un eng Visite am Musée, mä och e wichtegt Instrument fir déi international Fuerschung.
An deem Kontext wéilt ech der Madame Kulturministesch dës Froe stellen:
1) Gëtt e Katalog vun den Ausstellungsstécker aus dem MNHA ausgeschafft ?
2) Wa jo, wéini ass dëse Katalog, respektiv Katalogen iwwert déi verschidde Kollektioune fäerdeg ?
3) Wann neen, ass d’Regierung gewëllt, d’Moyene bereetzestelle fir esou Katalogen z’editéieren ?
4) De Site um Spaweck vum MNHA, deen déi allerwichtegst Objete beschreift, ass ausschliisslech op Franséisch. Wär et net sënnvoll, datt dëse Site och op Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch géif iwwersat ginn ?
5) A wéi enge Sproochen, a mat wéi enge Mëttelen, ginn d’Informatiounen am Musée selwer vermëttelt ?
Mat déiwem Respekt,
Fernand Kartheiser
Deputéierten
Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre de la Culture