„Cluster“ an „Infektiounsherd“ ass net dat nämmlecht!

print

Bis op Ministesch-Niveau goufen d’Wierder „Cluster“ an „Infektiounsherd“ synonym gebraucht, obwuel si eng aner Bedeitung hunn. An enger parlamentarescher Fro well den Nord-Deputéierte Jeff Engelen ë.a. gewuer ginn, ob dës Begrëffs-Confusioun negative Konsequenzen op d’Gesamt-Strategie vun der Corona-Bekämpfung vun der Lëtzebuerger Regierung hat.