CHdN: service mobile soll zougemaach ginn!

D’Decisioun, mat där d’Infirmiere vum “service mobile” fir d’Palliativbetreiung am Ettelbrécker Spidol viru ronn dräi Deeg konfrontéiert goufen, ass e ganz staarkt Stéck: De “service mobile” fir d’Palliativbetreiung, dee viru ronn zwee Joerzéngten am Ettelbrécker Spidol an d’Liewe geruff ginn ass, gëtt mam Datum vum 1. Mäerz ofgeschaaft. Eng siwen Infirmiere schaffen aktuell an deem Service fir d’Wuel vum Patient, deen eng Palliativbetreiung brauch. Dëse Service huet exzellent fonctionéiert an de Frust bei de Betraffenen ass verständlecherweis grouss! Grad Palliativpatienten wäerten am meeschten ënnert dëser Decisioun leiden. Den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen huet mat enger dréngender parlamentarescher Fro intervenéiert. D’Drénglechkeet gouf iwwerdeems vun der Chamber unerkannt.

D’ADR-Norden huet iwwerdeems mat enger Pressematdeelung reagéiert.

Deel dëse Post: