Chaos beim Zuchtrafic

Bei de neien CFL-Fuerpläng ass Chaos virprogramméiert: Wéinst de ville Chantiere wäert iwwert Wochen am ganze Land den Zuchtrafic massiv ageschränkt sinn. Eng direkt Konsequenz vum stramme Wuesstem, esou den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. An de leschte fënnef Joer si 40.000 Frontalieren a 60.000 Residente bäikomm; de Staat  kënnt net méi no mat investéieren – an dat bei engem kontinuéierleche Staatsdefizit. D’Konsequenze vum stramme Wuesstem iwwersteigen eis finanziell Mëttel a Lëtzebuerg erstéckt am Verkéier. An awer: An der Chamber intresséiert dat verschidden Deputéiert häerzlech wéineg…

 

 

 

Deel dëse Post: