[Chambervideoen] Pressefräiheet bleift diskriminéiert

Wann e Gesetz eemol geännert gëtt, an da nees zréckgeännert soll ginn, kann een sech schonn denken, dass et eng zimlech komplizéiert Affaire ass. Abee, de Fernand Kartheiser hat e Gesetzesvirschlag abruet (Nummer 6586) vir genee dat ze maachen. Et goung him dobäi ëm d’Pressefräiheet.

Eng EU-Direktiv vun 2004 regelt d’Gläichbehandlung vu Mann a Fra a soll Diskriminéierung verhënneren. Wéi se zu Lëtzebuerg 2007 Gesetz ginn ass, bloufen d’Presse, d’Publicitéit an d’Educatioun dovun ausgeschloss. De Risiko vu Prozesser a Strofe fir d’Berichterstattung vun der Press sollt esou ecartéiert ginn, well d’Meenungsfräiheet an d’Press geschützt sinn. D’Educatioun blouf wieder ausgeklamert, wéi d’Gesetz 2012 geännert gouf, mais d’Press an d’Publicitéit falen elo ënnert dëst Gesetz. Dat wollt de Fernand Kartheiser, dee sëch op d’Reklamatioune vum Presserot stäipt, réckgängeg maachen. Duerfir krut hien awer keng Majoritéit an der Chamber.

Iwwerschied gouf den Debat natierlech vun de rezenten terroristeschen Attacken op d’Meenungsfräiheet an op e Presseorgan zu Paräis. Dat huet näischt ze di mat Populismus, mais weist nach eemol, wéi wichteg d’Pressefräiheet ass, a wéi wichteg se normalerweis och vun der Justiz geholl gëtt.

 

Deel dëse Post: