[Chamber-Video] : Gast Gibéryen wëll Zukunftsdësch

Am Kader vun der Kompétitivitéits-Debatte an der Chamber huet de Gast Gibéryen de Lëtzebuerger Wuesstemsmodell kritesch beliicht an hannerfrot.
‘t wär net esou séier d’Kompetitivitéit de Problem vum Land, mais de Mangel vun engem Plang, wou mir wëllen histeieren. Global Landesplanung an alle Beräicher vum Liewe wär gefrot, amplaz enger Croissance nozehechelen, vun där kee géing wëssen, wat fir Auswierkunge si hätt. D’Politik fäert zënter Joeren, d’Fro ze beäntweren, wat fir e Land Lëtzebuerg soll fir déi nächst Generatiounen sinn.
Awer no 20 Joer Héichkonjunktur wär kloer, dass Wuesstem net d’Äntwert ass, mengt de Gast Gibéryen, well de Wuelstand bleift prekär, d’Scholde wuesse, mär hunn e Wunnengskollaps, stinn all Dag am Stau an d’sozial Kohäsioun an d’sozial Ofsécherung sinn och a Gefor. Fir den ADR-Deputéierten ass kloer, dass en Zukunftsdësch néideg ass an dass elo, wou d’Landesplanung nom Op-Äis-leen vun de sektorielle Pläng nei gekuckt gëtt, de richtege Moment ass.

 

Deel dëse Post: