[Chamber-Video] : Dateschutz a Privatsphär iwwer Verkéierssécherheet

De Fernand Kartheiser huet sech géint de Gesetzprojet 6566 ausgeschwat. D’ADR huet och dergéint gestëmmt, mais de Projet ass awer ugeholl ginn. Et goung em e grenziwwergräifenden Informatiounsaustausch an Europa bei Verstéiss géint d’Verkéiersuerdnung.
Dem Fernand Kartheiser seng Argumenter ware kloer. Hie wär net géint méi Verkéierssëcherheet, mais dat dierft net zu Laaschte vum Dateschutz goen. Dat Gesetz géing och nëmme bis Mee 2015 gëllen a misst da schonn iwwerschafft ginn. Firwat net d’Zäit notzen an dann e gutt Gesetz stëmmen, dat e bessere Kader wär an d’Datesëcherheet vum Bierger kinnt garantéieren, freet den ADR-Deputéierten. Hie warnt och virun enger ganzer Rëtsch praktesche Problemer, déi dat Gesetz mat sech bréngt.
Mais am meeschte stéiert de Fernand Kartheiser wéi elo Bestëmmungen, déi fir d’Bekämpfe vum Terrorismus an der organiséierter Kriminalitéit geduet waren, op Verkéiersdelikter sollen ugewannt ginn a freet, wou et kann hiféieren, wann ee beim Dateschutz eng kleng Dir géing opmaachen.

Deel dëse Post: